Déi Greng Käerjeng zéien e Bilan…

dgkAn hierem Dépliant vum 9.1.2009, maachen di Greng vu Käerjeng e Bilan vun hierer Aarbecht am Schäfferot zanter dem Joer 2000. Laut dësem Dépliant sinn dat heiten di “greng” Errungenschaften aus de leschten 8 Joer:

- ökologesch Kritären fir de Komplex op Aker
- nei Uschafungen an Entretiensaarbechten ginn op hir Emweltfrëndlechkeet gepréift
- d’Käerjenger Jugendhaus krut nei Strukturen

Vill méi steet net an dësem Bilan, dofier erlaabt mer datt ech dee Bilan nach e bessi complétéieren:
An dene leschten 8 Joer wou di Greng zu Käerjeng an deer Majoritéit sinn:

- ass KEE Pollueur-Payeur Prinzip bei dem Offall agefouert ginn
- ass d’Gemeng NET dem Klimabündnis bäigetrueden
- ass KEEN Energiespuerkonzept entwéckelt ginn
- ass NÄISCHT a Punkto Klimaschutz gemeet ginn
- ass nach ëmmer KEE Recyclingzenter do (d’Pläng sinn awer fäerdeg)
- sollt eng gréisser Emweltverschmotzung (op der Gare) mat Hëllef vun dene Grengen VERTUSCHT ginn

De Bilan ass also net grad sou immens wéi dat an dem Dépliant sollt duergestallt ginn.

Ech wëll hei awer kengem de Prozess maachen, an däer dote Koalitioun war wahrscheinlech net méi dran fir di Greng, mee si haten och net de Courage fir méi wäit ze goen.
Elo get et e Wiessel op dem grenge Mandat, villäit ass di nei Gemengeréitin bereed sech zesumme mat der LSAP fir eng mi offensiv ekologesch Gemengepolitik anzesetzen…

… et wär ze hoffen.
-

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments (4)

 

  1. Sandro says:

    wi gudd dass den haer lux su aktiv geschafft huet op den emweltdossiers … LSAP huet jo net grad deen grengsten profil – schmückt ierch leiwer net zefill matt grengen themen – vlait ass et besser dir fannt zerek zu engem richtegen sozial-demokrategen profil – su als iddi matt op den wee

    leif greiss
    sandro

  2. Zalü Sandro,
    Ech denke schon datt de Lucien Lux gudd geschafft huet an dene leschte Joren. Och wa verschidden Décisiounen ëmstridde sinn. Et däerf een an der Regierung net nëmme kucke wat populär ass, mee et muss een heiansdo och Décisiounen huelen déi manner schéin fir den eenzelenen, dofier awer gudd fir d’Allgemengheet an eist Land sinn…
    Wou ech der awer vollkomme Recht ginn ass di Geschicht mam gringe Profil. Mäer Liewen an enger Zäit wou mer eis net méi kënnen all Exprimenter leeschten. Et get Zäit datt op sozialen Dossier’en neess seriö geschafft get. Eise Walprogramm wäert dorobben eng Äentwert ginn.
    mfG
    Yves

  3. Sandro says:

    jo mengen mir schwetzen beid iwwert den klassegen coalitiounsdilemma nee? :D
    mengen deen virworf kint een dann jo och un d LSAP man de Werteunterrecht bradéiert ze hun z.B … mee bon mengen et ass oft net mi méiglech … besonneg wann een ennert engem schwarzen joch ass haha :D

    leiw gréiss
    scheinen roudaag haut!

    Sandro.

  4. Re-Zalü,
    Dat stëmmt: egal ob roud, blo oder gring: et get verschidden Dossier’en di kritt ee net mat enger CSV duerch gesat, op alle Fall net sou laang si 36% vun de Stëmme kritt….
    Alles Gudds!
    Yves

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine