Referent zu Dippech
Wéi gewosst kënnt et zu Dippech an der Gemeng zu engem Wiessel vun der Majoritéit. Di zwou Parteien LSAP an DP konnten net méi zesummeschaffen mat enger Persoun aus dem Schäfferot. Et ass esou, datt souguer d’DP keen anere Wee fonnd huet wéi dës Persoun aus der Partei auszeschléissen. (méi doriwwer um Max Hahn (DP) sénger Homepage)
Op der Neijooschdagsreceptioun huet d’Sektioun mech gefrot fir e puer Wuert iwwer dës Affär ze verléieren. Ech ka natierlech net iwwer Persoune schwätzen déi ech weder gudd kennen nach mat hinnen ze dinn hunn, dofier hunn ech probéiert e bessi iwwer d’Moral an d’Ethik an der Politik ze schwätzen:
Léiw Komerodinnen,
Léiw Komeroden,
Léiw Leit aus der Gemeng Dippech,
Wéi mech d’Kollegen aus der Sektioun Dippech gefrot hunn fir op hierem Neijooschpatt e puer Wuert ze soen, dunn huet mech dat gefreet an ech war bis viru kuerzem dervun ausgaang datt ech bei dëser Geleenheet kinnt en Ausbléck maachen iwwer dat wat an de nächste Jore wichteg get fir eist Land.
Ech hat mech preparéiert fir iwwer d’Wirtschaftskrise ze schwätzen, iwwer di kleng Leit déi am Meeschte wäerte dervu betraff ginn, ëm dat wat d’Politik kann ënnerhuelen fir hinnen ënnert d’Ärm ze gräifen.
Ech wollt iwwer d’Solidaritéit schwätzen, ee vun de Grondwäerter vu ménger Partei.
Ech wollt iwwer d’Solidaritéit schwätzen, well sie wahrscheinlech an de nächste Wochen a Méint gebraucht get, well sie d’Basis ass vum Zesummenhalt an eiser Gesellschaft
an als eenzeg kann derfier suergen datt et gerecht Liewens- an Aarbechtskonditiounen fir all Mënsch gett.
Mee nodeems wat an de leschte Wochen hei an der Gemeng Dippech geschidd ass, kann ech awer mäi ganzen Discours ewech geheien, ech schwätzen also net iwwer Wirtschaftskrise, iwwer sozialen Zesummenhalt oder iwwer Solidaritéit,
Ech mengen Haut wär et ubruecht e puer Wuert iwwer d’Ethik an iwwer d’Moral an der Politik ze schwätzen.
Et get der jo déi behaapten datt et an der Politik keng Ethik a keng Moral get.
Abee ech si net däer Meenung, ech si kee Fatalist an ech gleewen drun datt laangfristeg nëmmen Eierlechkeet ka Bestand hunn an der Politik an Eierlechkeet kann ee net vun der Moral trennen
D’Viraussetzung fir d’Moral an der Politik, ass datt et iwwert der Politik e Gewësse get.
E Gewëssen dat een drun erënnert firwat ee Politik mecht.
E Gewëssen dat engem seet datt een sech an der Politik fir d’éischt emol fir di aner asetzt a net fir sech selwer.
E Gewëssen dat een zu Eierlechkeet verpflicht, vav vu sech selwer, vav vun de Bierger déi ee vertrëtt an och vav vun den Engagementer déi e geholl huet.
Hei an der Gemeng sinn Engagementer gebrach ginn.
Eng Majoritéit huet sech no de Wale fonnd an et gouf en ambitiése Projet opgestallt fir di nächst 6 Joer. Nodeems de Projet stoung gouf och gekuckt wien soll Verantwortung iwwerhuelen fir dat ze réaliséiern wat sech virgeholl gouf.
Et war also kloer an der Gemeng Dippech wien wat ging maachen.
Et ass Schued, datt elo net méi d’Projet’en am Virdergronnd stinn, mee d’Persounen. Et ass Schued, datt eenzelner hir eege politesch Karriär virun d’Wuel vun der Allgemengheet stellen. Et ass Schued, datt eenzelner net méi wäit kucken wéi hir eege Nues.
Dir hudd géint ären eegene Budget gestëmmt.
Dat klengt op den éischte Bléck absurd, mee wann ee méi genee kuckt, dat gesäit een datt Dir Moral bewisen hudd. Dir hudd bewisen datt et nach eng Ethik get, och an der Politik.
Datt Dir net bereed sidd egal wat fir e Präiss ze bezuelen fir kënnen e Posten ze besetzen.
Dir sidd äech selwer Trei bliwwen an hudd all Mensch an der Gemeng Dippech, an och doriwwer eraus, gewisen datt äert politescht Engagement op Eierlechkeet baséiert.
Dir verdéngt dofir Respekt.Dir gidd aus dësem schlechten Theaterspill eraus mat erhuewenem Kapp. Kee kann Iech e Reproche maachen !
Ech wënsche mer datt der äech net wäert découragéiere loossen.
Ech sinn iwwerzeegt datt d’Bierger aus der Gemeng Dippech erkennen wat hei hannert de Kulisse gelaf ass. Dir sollt de Kapp net hänke loossen a grad elo weisen datt d’Bierger nach ëmmer op äech, op d’Sozialisten aus der Gemeng Dippech ziele kënnen.
Léiwen Ady,
Mäer kennen eis schon zanter datt ech e klenge Bouw sinn a wien dech kennt, dee weess dech ze schätzen, als Frënd an als Komerod.
Du hues hei an der Gemeng eng formidabel Equipp, mam Romain, mam Rob, mam Gast, am Gemengerot
awer och mam Fernand, mam Carlo, mam Sandy, mam Léa, mam Luc, mam Pir, mam Chantal a mam Jang an dene villen aneren an dénger Sektioun.
Ech sinn iwwerzeegt, datt di nei Majoritéit zu Dippech sech wäert d’Zänn ausbäissen un ärer Oppositioun an un ärem Engagement fir d’Bierger aus der Gemeng Dippech.Bleiwt esou wéi der sidd a loosst de Kapp net hänken, da sinn ech iwwerzeegt datt der spéidsdens am Joer 2011 bei de nächste Gemengewalen derfir belount gidd !
Als gudde Noper wënschen ech Iech e schéint a glécklecht neit Joer 2009.
Maacht dat Bescht draus !








