YvesCruchten.lu

Manif géint de Krich a Gaza

De metteg hunn ech deel geholl un der Manif géint de Krich a Gaza, eng Manif di vum Comité pour une paix juste au proche orient organiséiert gouf. Ech fannen et wichteg, datt mer an Europa weisen, datt et eis net egal ass wann am Noen Osten Krich gefouert get, wourënner speziell d’Zivilisten ze leiden hunn. Alt neess mierke mer wéi wichteg en europäeschen Ausseminister wir, wann dësen da kéint eng gemeinsam politesch Positioun duerléen. Och dës Kéier ass et rem eng grous Kakophonie wat eis europäesch Regierunge vu sech ginn. Wat d’Haltung vun Europa ass, kann am Moment kee sou richteg soen…

Ech verstinn och d’Roserei vu verschiddenen op Israel wéinst däer disproportionnéierter (wat e schrecklecht Wuert) Reaktioun an dem kalbliddegen Militärasaz zu Gaza an Emgéigend. Trotzdem hunn ech bei der Manif vermësst datt och d’Hamas zu de Matschëllegen zielt. Et ass wuel ganz kuerz ugedeit ginn an dach hätten d’Organisateuren hei eng méi differenzéiert Aproche missten huelen.

D’Fuerderungen vun der Manif de metten hätte misse sinn:
Israel: Stopp mat der Militärinterventioun zu Gaza an
Hamas: Stopp mat de Rakéitenugrëff op Israel

Schued datt d’Halschend vun dëse Fuerderungen net sou richteg duerchgedrongen ass…

Am Tageblatt vun haut war eng Karikatur déi passt:

490_001_696560_v5_490_008_2868388_v5_63_pr10

Have your say