CSV-Walkampf

csvbanner_zesumme_wuessen
(der CSV hir Walpakat ass ganz treffend: de Chantier ass net d’Land, mee d’Partei)

Am Wort-Interview mam François Biltgen gi mer éischt Detailler gewuer iwwer der CSV hire Walkampf.

Mam Slogan “Zesumme wuessen” wëll d’CSV hir dominant Roll an der lëtzebuerger politescher Landschaft ausbauen.

Dobäi soll “zesummen” stoen fir sozial Kohäsioun am Land, mee wann een den RTL-Reportage vu gëschter Owend gesinn huet, sou soll dat éischter fir “zesummen an der Partei” stoen:

…All déi di Verantwortung droen an der CSV solle manner oft “ech” soen a méi oft “mäer”, méi oft vun der Partei a manner oft vu sech selwer schwätzen… (François Biltgen)

Wien ass dann domadde gemengt ? De Fraktiounschef, Michel Wolter ? De Premier himself ?

Dat klengt éischter wéi wann d’CSV sech mol fir d’éischt ëm hir intern Streidereien misst këmmeren wéi iwwer de Walkampf, d’Politik am Land an d’Suerge vun de Leit. “Zesummen an der Partei” ass wahrscheinlech awer och gemënzt fir déi di innerhalb vun der CSV aner Positioune vertrieden wéi d’Parteispëtzt… Datt den Zesummenhalt an der Partei net den Allerbeschten ass, huet d’CSV eis jo bei der Debatt ëm d’Stiefhëllef zerguddst bewisen…

Et get wahrscheinlech an der CSV eng ganz Partie “Hardliner” déi et net verquesse kënnen datt dëst Gesetz duerchgoung an datt d’CSV am kompletten “déphasage” mat de Wieler ass.

Die CSV hat sich in ihrer Politikgestaltung nie auf Fünfjahresrhythmen beschränkt.

Dat stëmmt, schliesslech ass sie jo och zanter Jorzéngten an der Regierung an dat soll och esou bleiwen mengt den Här Juncker, deen sech perséinlech awer wäert hoffen datt d’Iren sech net nach emol iren an endlech Jo soen bei hirem Referendum an him et dann erméiglechen “eleng” op Bréissel ze wiesselen. Bis dat geschidd ass get der CSV nach emol op den “Troun” gehollef, “zesummen”.

Bei den Europawahlen dürfte Sie freuen, dass die Idee der getrennten Listen ihren Weg gemacht hat.
Ja. Ich stelle mit einer gewissen Genugtuung fest, dass mein Vorstoß aus 2006, trotz vieler Widerstände nun über die CSV hinaus von Grünen, Liberalen und Sozialisten aufgegriffen wurde.

Dat ass awer elo de Kombel!

Et ass sécher net der CSV ze verdanken, datt et getrennte Lëschte ginn ! Ech erënneren hei un eng Resolutioun déi d’LSAP schon am Joer 2004 ugeholl huet an och un eng Initiative vun der DP, bei däer et drëms geet, di zwou Walen (Chamber an Europa) vun eneen ze trennen. Datt elo getrennte Kandidatelëschte vu bal alle Parteien opgestallt ginn, datt ass ganz eleng well d’CSV net bereed war méi wäit ze goen !!! Sech elo als di grouss Verteideger vun der Demokratie duerzestellen ass eng Frechheet ! Ech erënneren nach emol drun, datt di 3 gewielten Europadeputéiert 5. 7. an 10. Gewielten op hierer Lëscht waren. Zesummen hu si iwwer 225 Joer, dat soll kee Reproche sinn, mee weisen, datt di aner, méi jonk CSV-Politiker sech en drechene Fuerz ëm Europa këmmeren a léiwer an der Chamber setzen wéi do wou wierklech d’Decisioune geholl ginn…

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine