CSV Resolutioun iwwer de Referendum a Sanktiounen géint d’Mme Kemp-Arend

csv_risse3

Den RTL huet de moien gemellt datt den CSV Nationalcomité haut ging eng Resolutioun unhuelen déi hiere Memberen et verbidd sech op d’Lëschten fir e Referendum iwwert d’Verfassungsännerung anzedroen. Wéisou gesäit sech dës Partei dozou gezwongen hiere Memberen e Maulkuerf unzedoen ? Ass ze fäerten datt grad ënnert hiere Leit der ganz vill dës Ännerung net akzeptéieren ? Gesinn si villäit doranner di leschte Méiglechkeet d’Euthanasiegesetz dach nach ze stoppen ?

Ech kéint et net akzeptéieren wa meng Partei mer ging Virschrëfte maachen wat ech däerf a wat ech net däerf. Villäit ass et och dat wat eng LSAP vun enger CSV ënnerscheed: Eng Partei soll net hir Meenung vun uewen erof op hier Memberen drécken, mee d’Iwwerzeejungen sollen an der Partei mateneen konfrontéiert ginn fir esou eng gemeinsam Positioun auszeschaffen. Et ass zwar genee dat wat et eiser Partei heiansdo schwéier mécht, mee et ass awer och genee dat wat mech an der LSAP houfreg mécht!

Ech ginn d’Impressioun net lass wéi wann an der CSV gingen d’Lompe sténken: Nodeems se an der Euthanasiedebatt eng (relativ) schlecht Figur gemeet huet well se alt neess wollt op 2 Hochzäite mateneen danzen, sou ass dat dës Kéier net opgaangen an et ass elo mol eng Kéier iwwerall gewosst, datt d’CSV eng aner Positioun vertrëtt wéi eng grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger. De Kalkül ass also net opgaangen. Muss dofier elo séier e Schëllege fonnd ginn (an der Persoun vun der Mme Kemp-Arend)? Oder ass net éischter d’CSV-Fraktioun Schold un dem ganze Gemëschels…?

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine