YvesCruchten.lu

Zum Krich a Palestina

palestine

Krich, well et ass e militäreschen Asaatz, och wann an den amerikanesche Medien léiwer vun engem “Conflict” oder “Crisis” geschwat get. Mäer sollen wéinstens an Europa de Courage hunn d’Déier mat séngem richteg Numm ze nennen…

A séngem Commentär op RTL, mengt d’Danièle Weber: “Et sollt een d’Situatioun net nëmme vun enger Säit kucken.”

Dat stëmmt natierlech: dem Militärasaatz goungen ettlech Rakéitenugrëff vun der Hamas viraus. An dach mengen ech hunn di meescht europäesch Ausseminister Recht wann se vun enger disproportionnéierter Reaktioun vun Israel schwätzen (och den Asselborns Jang). All Mënscheliewen wat an däer Ausernaanersetzung verluer geet ass eent zevill, egal op wéi enger Säit. Et kann een awer och hei e puer Zuelen duerléeen: iwwer 500 Doudeger (dovunner eng gudd Partie Zivillbevëlkerung) op palestinensescher Säit (Stand vun de moien) a 5 op israelescher Säit.

E bessi méi wäit mengt Sie: “Kollektiv bestrooft sinn d’Awunner an der Gazasträif allerdéngs virun allem vun der Hamas, déi hir Secherheets-Stetzpunkter express mattsen a Wunngebider installéiert – mam Wëssen, dat am Fall vun Attacke virun allem Leit aus der Zivilpopulatioun mat drop ginn.”

Dobäi däerf een awer och net vergiessen datt de Gazasträifen net mol sou grouss ass wéi de Minett (+-360km2) also 7 mol mi kleng wéi Lëtzebuerg an datt an däer “Enclave” eng 1,5 Millioune Leit agespaart sinn (d.h. iwwer 3 mol méi wéi eist ganzt Land).

Der Madame Weber hiere Commentär schéngt mer also och zimlech eesäiteg ze sinn.

Ech weess net wou Israel an dem Krich do wëll erauskommen. D’Vergaangenheet huet eis jo awer geléiert datt mat esou Militärasätz kee Fridden ze gewannen ass.. Vill éischter misst Israel eng Ouverture maachen zB. d’Awunner aus dem Gazasträifen eran an erausloossen amplaatz se anzespären oder e Flughafen zu Gaza toleréieren. Dorobben hinn misst och eng Hamas d’Légitimitéit vun Israel unerkennen… Et kann ee net erwaarden a friddlecher Noperschaft ze liewen wann een séng Noperen ghettoiséiert.

Dat klengt einfach mee ass et natierlech net…

Am Noen Osten bleiwt just eng Optioun wouer: 2 Natiounen – 2 Länner.

Have your say