YvesCruchten.lu

De Poopst an d’Sexualitéit

Wa mer an der Lescht zerguddst gewuer gi sinn, wéi sech d’Kierch ëm de Mënsch an d’Liewe këmmert (Ethanasie-Debatt), sou setzt de Poopst nach een drop:

“Es ist keine überkommene Metaphysik, wenn die Kirche von der Natur des Menschen als Mann und Frau spricht und fordert, dass diese Schöpfung auch respektiert wird.” Die lebenslange Verbindung von Mann und Frau sei ein “Sakrament der Schöpfung”, erklärte der Papst – und erteilte damit jeder anderen Form des ehelichen Zusammenlebens, also vor allem der Homo-Ehe, eine Absage. (Spiegel-Online)

Ech si paff, wéi de Pontifex (dee jo awer eng gewëssen Edukatioun genoss huet) esou Idioteschkeeten ka vu sech ginn. Well et ass mat esou Aussoen wéi eenzelner hir Handgräiflechkeeten vavvun Homosexuellen rechtfäerdegen. Firwat acharnéiert de Poopst sech iwwerhaapt géint di Homosexuell? Get et net aner méi wichteg Sujet’en wou dem Poopst säin Asaatz gefuerdert ass?

Ech bleiwen dofir bei ménger Meenung: “Och wann iwwer Sexualitéit geschwat get soll ee nëmmen denen nolauschteren déi och wierklech eppes dovu verstinn…”

Have your say