den ADR verkeeft eis wierklech fir domm…

Den ADR ass mer jo souwisou schon eng komesch Trupp: e Sammelsurium vun Onzefriddenen… déi eng komme net iwwer hir Scheedung ewech, di aner fäerten hier portugisesch Noperen, nach anerer ginn der EU d’Schold wëll se hir Aarbechtsplaz verluer hunn…

Elo kënnt nach eng Categorie derbäi: d’Royalisten, déi onzefridde sinn mat der parlamentarescher Demokratie.

Si sollen eis net fir domm verkafen: Si notze gären den Trubel ronderem d’Verfassungsännerung aus, an der Hoffnung villäit bei e puer Hinterwäldler nach eng Stëmm ze kréien wann se sech den Image ginn vun de “Verteideger vum Grand-Duc”. Wann och elo net offiziell den ADR dee Referendum ënnerstëtzt, sou sinn et dach hier “têtes pensantes“, di Hären Kartheiser, Henckes, Reding asw, déi di Saach wëlle virundreiwen…

ALLEZ ALLEZ, halt eis dach net fir blöd an hudd dach op d’mannst de Courage zu dem ze stoen wat der maacht…

(Sorry fir de schroffen Toun, mee di dote Saache maache mech richteg rosen…)

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine