YvesCruchten.lu

Fusioun vun de Gemengen Käerjeng-Kéinzig

  Kierchtuermspolitik oder Fortschrëtt am Sënn vum Bierger ?Eis Regierung huet eng geographesch Kaart opgestallt déi virgesäit, datt d’Gemengen Käerjeng a Kéinzig fusionnéiere sollen.

Dat ass u sech eng gudd Saach a bréngt fir béid Gemengen Avantager:

 

1. Käerjeng-Kéinzig: eng grouss Gemeng Mat zesummen bal 10.000 Awunner: am Spëtzepeloton vun de Lëtzebuerger Gemengen; méi Gewiicht par rapport zum Staat, zu den anere Gemengen an an de Gemengesyndikater;

2. E gemeinsame PAG Op enger méi grousser Echelle geplangt: méi Plaz a méi Méiglechkeeten fir ze wunnen, schaffen a Fräizäit; e gudden Equiliber tëschend dem Tissus industriel a commercial vu Käerjeng an dem ländleche Raum vu Kéinzig; Perspektiven fir béidsäiteg vum Schack der Natur ze déngen;

3. Besser a spezialiséiert Zervisser Méi Rationnalitéit an Effikassitéit an de Schoulen, Maisons-relais, Crèchen, Sozialdéngschter, Administratioun (z.B. e moderne Biergercenter), techneschen Zerviss, Pompjeeën asw;

4. Transport a Verkéier Méi Gewiicht fir sech géint onnëtz Projetën ze wieren, wéi z.B. d’Liaisoun mat Sélange; Ubanne vu Kéinzig a Féngeg un den TICE-Réseau; Créatioun vun engem Gemengebus tëschend den Uertschaften.

5. Synergien um sportlechen a kulturelle Plang D’Méiglechkeet fir d’Infrastrukturen a béide Gemengen besser ze notzen.

Bei enger Fusioun muss Wäert geluecht ginn op Proximitéit!

Et geet net drëm fir Infrastrukturen ofzeschafen, mee fir se besser ze notzen. Z.B. däerfe keng Schoulen zougemaach ginn, wat awer net verhënnert datt do Complementaritéit soll gesicht ginn. Och wa Kéinzig ëmmer Kéinzig bleiwt a Käerjeng ëmmer nach Käerjeng, dann hunn all eis Awunner kee Problem fir duercherneen ze goen wann se z.B. schaffen oder akafe ginn.

Et gëtt kee Kärjenger deen eppes géint déi Kéinziger huet an ëmgedréint och net! Esou wéi de staatleche Projet vun der Fusioun am Ament fonctionnéiert, kann een zwou Attituden hunn:

• entweder et léist een de Laascht kommen an et waard een drop bis eis d’Fusioun vun uewen erof diktéiert gëtt;

• oder et beschäftegt een sech elo schons intensiv mat der Saach an et kuckt ee wéi déi 2 Gemengen dat Bescht aus enger Fusioun eraushuele kënnen.

Amplaz dem Won nozelafen, sollen d’Gemengen Käerjeng a Kéinzig vun der substantieller Finanzsprëtz vum Staat profitéieren, an hieren eegene Fusiounsprojet an d’Weeër leeden. Et ass dat am Intressi vun eise Matbierger déi, an der moderner Gesellschaft vun haut, d’Recht hunn op méi Confort a besser Zervisser.

Et däerf net esou sinn datt eleng nom Staat sénge Virstellungen verfuer get. Dofir mussen d’Bierger an esou e Projet vu vir eran mat agebonne ginn. Déi zwou Gemengen sollen, zesumme mat den engagéierte Bierger, e Konzept ausschaffen wat si dem Inneministär dann als eegestännegen an demokrateschen Projet virleen. Fir datt esou eng Fusioun ka réussiéieren muss se vun ënnen erop gemeet ginn.

Nëmmen esou kënne mer sécherstellen datt eng Fusioun keng Desavantager fir d’Awunner op béide Säit vum Schack mat sech bréngt.

Dofier triede mäer an !

Fred Reuter             Yves Cruchten
Gemengeconseiljee   Gemengeconseiljee
Gemeng Kéinzig        Gemeng Käerjeng

Have your say