Gemengerotssëtzung Käerjeng
An der Setzung vum 30. Oktober gouf de Plan Directeur vu Käerjeng op e Neits ofgestëmmt. D'LSAP hat sech beschwéiert, dass d'Gemengeréit weder en Document nach e Plang ze gesi kruten iert et ofgestëmmt gouf. Et huet een heiansdo d'Impressioun mer giffen an enger Bananerepublik liewen: Get dach hei net vun de Conseilljeen verlaangt iwwert eppes ofzesëmmen dat se net gesinn hunn…
Dorobshinn hate mer beim Distriktskommisär intervenéiert fir déi Ofstëmmung z'annuléieren: mat SUCCES!








