YvesCruchten.lu

Kultur am Süden

De fréiere Minister Robert Krieps huet emol gefuerdert, datt de Minett misst duerch kulturell Manifestatiounen de Leit an der Erënnerung behale bleiwen. Dat ass e Leitmotiv dat mer eis sollten zu Häerz huelen.

Wann ee vu Kultur am Süde schwätzt, dann denkt ee virun allem un d’Erhale vum Patrimoine industriel. D’Zäitzeien aus der Ära vun der Stolindustrie sinn amgaang, lues awer sécher, ze verschwannen. Si maache Plaz fir Zervisser, Buttéker, Wunnengen a Parkingen. Et kann een dat bedaueren, mee gläichzäiteg muss een agesinn datt d’Welt net stoe bleiwt, och net am Süden. Dem Staat an de Gemengen hir Missioun soll et sinn dat z’erhalten wat derwäert ass, fir eise jonke Generatiounen ze weisen wéi apaart de Bassin minier duerch Fläiss a Kompetenz zum Wuelstand vum Lëtzebuerger Land bäigedroen huet.

Mee, wéi gesot, kommt mer kucken och no vir.

Wat sinn eis Trëmp am Süden?

E groussen Theater an eng Rockhal zu Esch. Net manner wéi 11 Muséeën a Bibliothéiken, e Conservatoire, eng Rëtsch Musekschoulen asw. Vun Diddeleng bis op Rodange kann ee Kultur mat Fräizäit verbannen, iwwer déi wonnerbar Spazéierweeër, déi nach vill Lëtzebuerger z’entdecken hunn. Och wa scho muenches steet, da kéint een awer nei Infrastrukturen ustriewen, wéi z.B. e Centre culturel fir de Kordall, deen doranner nach opzehuelen huet. Déi vill Musek- Gesang- an Theaterveräiner an och aner kulturell intresséiert Associatiounen wiere frou wann se op eng grouss a modern equipéiert Hal kéinten zréckgräifen. Och e neie Musée op der Base vun der Technik an de Wëssenschaften géif eng Lacune hei am Land fëllen.

Mäer hunn am Süden en intressant Instrument, de Gemengesyndikat PROSUD, deen sech niewt senge villen Objektiver, och d’Kultur verstärkt misst a säi Programm aschreiwen. Domat wier de Wee fräi fir eng besser Strategie um kulturellen an och touristische Plang. Esou eng Strategie wir och wichteg fir de Kanton Capellen. Do läit immens vill Potential dat net genuch genotzt gëtt.

Zur Kultur gehéiert och eis Sprooch. Mäer solle si net vernoléissegen a si eisen auslännesche Matbierger méi no bréngen. Loosse mer awer net vergiessen, datt mer hei zu Lëtzebuerg de sozialkulturellen Aspekt bei eisen Awunner musse berücksichtigen. An eiser multikultureller Gesellschaft sollen och aner kulturell Aktivitéite vun eisen auslännesche Matbierger net ze kuerz kommen. Et solle keng Grief geschëppt, mee Brécke gebaut ginn. Wann dat op enger Plaz am Land wichteg ass, da grad am Süden.

Have your say