YvesCruchten.lu

Här Sarkozy,

Erlaabt mer weg datt ech äech dëse Bréiw op Lëtzebuergesch schreiwen. Wéi der wësst wunnen hei zu Lëtzebuerg bal 30.000 vun äre Landsleit an et schaffen eng 70.000 Fransousen hei am Land. Dorënner wäert sech bestëmmt ee fannen den äech dës puer Zeilen kann an d’Sprooch vum Voltaire oder dem Malraux iwwersetzen. Wa mer schon derbäi sinn: är Landsleit si net hei wéinst dem schéine Wieder oder dem gudde Lëtzebuerger Béier. Nee, si sinn hei wëll mer et fäerdeg bruecht hunn an eisem klenge Land eng zolidd a kompetent Bankplaatz opzeriichten déi ville Lëtzebuerger awer och Noperen direkt oder indirekt eng gudd bezuelten Aarbechtsplaz offréiert, eppes wat se an der Moselle z.b. nëmme schwéier fannen.

Är Attacken vu leschten Dënschdeg déi natierlech géint eist Land an ebe séng Bankplaz geriicht waren brénge mech derzou Äech haut ze schreiwen, a well ech e Minetter sinn (nee, dat huet näischt mat ärer Frau ze dinn), soen ech Äech och dat wat ech ze soen hu sou wéi mer d’Schnëss gewuess ass. An de leschte Méint a speziell de leschte Wochen kréie mer och hei an Europa d’Finanzkrise ze spiiren. Bis elo war di ganz Welt dovunner ausgaang datt d’Uersaach dovunner am ongezügelte Kapitalismus loung an déi hieren Uersprong an der amerikanescher Subprimekrise hat. Däer suggeréiert awer elo, datt dorunner Länner ewéi Lëtzebuerg Schold wieren, déi hieren Noperen d’Méiglechkeet ginn, ze tranchéieren ob se hier Steieren léiwer an hierem Heemechtsland oder via Quellesteier bezuelen. Ech denken, är Aussoen sinn renge Populismus, well et ass jo méi einfach an esou enger komplizéierter Matière e Sündenbock ze sichen wéi äre Bierger z’erklären datt d’Politik (och déi aus ärem Haus) an de leschte Jorzingte versot huet. Äer simplistesch Remarquen beweisen eis, datt der net wësst wéi der aus däer dote Situatioun neess sollt erauskommen. Dir wësst net méi a wéi eng Richtung et soll goen. An dofier eleng muss alt een de Kapp duer halen. Mee iert der dat maacht, da botzt mol virun ärer eegener Dir, wann der wëllt och mam Kärcher an halt op denen aneren Lektiounen wëllen ze verdeelen.

A wann däer äech dierft dem Populismus bedéngen, dann erlaabt mäer dat weg och. Ech mengen d’Lëtzebuerger brauchen sech keng Lektiounen gefalen ze loosse vun engem Präsident, de quasi als éischt Amtshandlung e nordafrikaneschen Diktator mat groussem Pomp empfänkt, nëmme well e wëll mat dësem Geschäfter maachen. Ech mengen och datt Lëtzebuerg keng Lektiounen ze kréien huet vun enger Regierung déi Streebommen produzéiert, exportéiert a bei Geleenheet esouguer selwer benotzt. Ech mengen d’Lëtzebuerger brauche sech keng Lektiounen gefalen ze loossen vun engem President den di fragile Atomtechnologie exportéiert, speziell an déi Länner déi se virdrun während Jorhonnerten ausgehielecht hunn a se duerno am Misère setze gelooss hunn. Ech denken och datt mer eis net mussen den doten Discours ulauschteren vun engem dee selwer am Verdacht steet (stoung) séng Suen bei eis placéiert ze hunn, wann een ärem Kolleg Villepin gleewen deet.

Här Sarkozy, hei zu Lëtzebuerg si mer frou mat de Fransousen. Si beräicheren eis Gesellschaft, eis Kultur, eis Wirtschaft a villes méi. Mäer hun eis un eng gewësse Qualitéit gewinnt, déi vu franséische Politiker kënnt, et ass just Schued, datt hiere President net op der selweschter Héicht ass…

 

1 comment

  1. Pingback: Äntwerten op d’Wirtschaftskrise | YvesCruchten.lu

Have your say