YvesCruchten.lu

Aarm Amrikaner

 

Lo sinn d’Parteideeg vun den 2 grousse Parteien eriwwer an och mir an Europa kréien en éischten Abléck iwwer di potentiell US-Presidenten an hir Stellvertrieder. Natierlech, dat ganzt ass grousse Kino: Et geet manner drëms eppes gescheites ze soen mee vill éischter dorëms, seech bei esou vill wéi méiglech Leit (an Amerika, wuelverstan) beléift ze maachen. Dofier sollt een eigentlech net all zevill Wäert op di eenzel Aussoen vun de Kandidaten leen an éischter drop waarden wat de gewieltene President a séng Equipp herno wäerten konkret maachen.

An dach…

E puer Aussoen déi eis Europäer de Kapp rësselen deed ware schon derbäi: Sou mengt den B.O. hie gif eng 150 Milliounen Dollar a nei Energiequellen investéieren fir sech aus der Ofhängegkeet vum Petrol ze léisen… Wat sinn dann 150 Milliounen Dollar am Verglach zu den Trilliounen di all Joers um Petrolsmaart iwwer den Dësch ginn ? Säi Konkurrent wees et besser, hie wäert nach méi Buerstatiounen am Alaska opriichten, och wann dat d’Emwelt kapott mecht an de Problem just ëm e puer Joer no hanne geréckelt get. Am noen Osten schloe sech alle béid ondifferenzéiert eleng op d’Säit vun Israel. Dat palestinensescht Vollék ka kucken datt et eens get ! Just an engem wesentleche Punkt ënnerscheeden sech di 2 Konkurrenten: Deen ee wëll eraus aus dem Irak, den aneren wëll der nach méi dohinner schécken (dobäi hätt ee kinnte mengen, een den de Vietnam matgemaach huet misst et besser wëssen…).

Villäit ass et dofier datt ech a vill anerer mer wënschen datt den Obama herno d’Nues fir huet, mee u séch dinn d’Amerikaner mer leed: Si hunn effektiv just de Choix tëschend engem konservative Politiker an engem nach méi konservative Politiker… An da wëllen d’Amerikaner d’Welt demokratiséieren??? Do si mer an Europa an och zu Lëtzebuerg wéinstens besser drun.

„God bless“ Lëtzebuerg, Europa, d’Gëlle Fra, de klenge Mann um Mount an iwwerhaapt wann et dech wierklech get, da „bless“ eis alleguerten op dësem Planéit a verschoun eis vu Leit mat kuerzem Verstand!

Have your say