YvesCruchten.lu

Visite vun Industriesiten am Kordall

Zesumme mat de Komeroden aus de Sektiounen Péiteng an Déifferdeng hate mer eng Visite organiséiert vu verschiddenen Industriesiten am Kordall. Ennert anerem ware mar zu Käerjeng an der Z.I. Bommelscheier, der Z.A. op Zaemer, zu Déifferdeng am Arcelor-Mittal-Wierk an am Europäesche Logistikzentrum zu Nidderkuer, zu Péiteng am PED bei der Firma Avery Dennisson. Den Ofschloss war bei engem gudde Maufel zu Käerjeng an der Brasserie “Béierhaascht”.

De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké wor mat a konnt eis eng Rëtsch Detailler iwwer d’Situatioun vun der Industrie am Kordall an zu Lëtzebuerg ginn. Et wor eng ganz intressant Visite, zemoolst d’Firma Avery Dennisson huet eis impressionnéiert grad ewéi di nei Greystrooss am Walzwierk zu Déifferdeng. Frappéiert war ech awer am Walzwierk, wou ech bal keng Aarbechter gesinn hunn, well hei villes automatiséiert gouf. Ech hat mer u sech virgestallt, hei giffen eng 100 Leit hin an hier bëselen, mee ech hat der ganzer 6 während eisem Tour gesinn… Da wonnert et scho net méi, datt d’Beschäftegungszuelen an der Eisenindustrie stänneg erofginn.

 

Have your say