Géint den Aarmutsrisiko an enger räicher Gesellschaft

(meng Interventioun op RTL an 100,7 vum 20. resp. 25.2.2008)

Aus rezenten Etuden an Ëmfroen wësse mer, datt eng vun de gréisste Suergen vun den Awunner aus eisem Land, net d’Reklammepanneau’en an d’Verlosstänneren an der Stad, mol net op mer eise lëtzebuerger Fändel sollen austauschen.

Nee, eng vun de gréisste Suergen vun de Leit, dat ass d’Inflatioun an de Verloscht vun hierer Kafkraaft. Op Lëtzebuergesch gesot:  Ëmmer méi Familljen hu nom 20. vum Mount Problemer déi 2 Aenner beienaner ze kréien.

Schold dorunner ass ënnert anerem  d’Deirescht vu verschiddene Liewensmettel oder nach der Energie a virun allem d’Präisexplosioun um Wunnéngsmaart.

Etuden soen eis och datt de Prozentsatz vun denen déi de Risiko droen an d’Aarmut  ze rutschen
vun 11 op 14% geklommen ass.

Mee wat ass dann elo en „aarmen“ ?

Natierlech denkt een fir d’éischt unn déi di keen Dag iwwert dem Kapp hunn  oder déi di net all Dag eppes waarmes z’iesse kréien.

D’Aarmut ass awer och nach eppes Anescht.

Zanter e puer Joer get dëst duerch e neit englescht Wuert definéiert: „working poor“ – arme Arbeitnehmer.  Obwuel dës Leit also enger regelméisseger Aarbecht noginn,  sou ass hiert Akommes awer nach ze kleng fir iwwer d’Ronnen ze kommen.

D’Arbeiterkammer huet eng ganz Intressant Publikatioun zu dësem Thema gemaach. An d’Resultater si Schokant:

Wousst Dir z.B. datt hei zu Letz den Aarmutsrisiko fir eng Famill mat 2 Kanner bei 3.100 Euro de Mount ufänkt ?

Wousst Dir z.b. datt 25% vun alle Stéit déi dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn,
déi sougenannten Fam. monoparentales sinn ?

Wousst Dir z.B. datt dëse Risiko mat all weiderem Kannd am Stot zouhëllt ?

Et ass also kloer datt mer amgaange sinn aarm Kanner ze produzéieren.

An do wëllen d’Sozialisten net méi nokucken.

Ënnert sozialistescher Regierungebedeelgeung si schons di éischt Schrëtt an di richteg Richtung gemeet ginn:
di rezent Steiererliichterungen,
d’Aféiere vum Eenheetsstatut,
d’Ausbezuelen vum Kannerbonus,
d’Reform vun den Aarmebüro’en
oder nach di sëlleche Reformen am Gesondheetswiesen,
fir nëmmen déi ze nennen.

Op dem Landeskongress zu Woltz wäerten d’Sozialisten weider Moosnahmen virschloen wéi mer enger Säits alle Lëtzbuerger Stéit hier Kaafkraaft kënne stärken,

awer och wat mer kënnen ënnerhuelen fir denen ënnert d’Arm ze gräifen déi um ënnschten Treppléck vun der sozialer Leeder stinn.

Mäer brauchen dofier:

- sécher an anstänneg bezuelten Aarbechtsplaatzen
- eng innovativ Wunnéngspolitik
- nei Modeller fir eng familljen- a kannerfrëndlech Gesellschaft
- déifgräifend Reformen am Sozialwiesen
- eng präventiv Gesondheetspolitik
- a virun allem:
d’konsequent Weiderféieren vun däer offensiver Bildungspolitik vun der Unterrichtsministerin, déi alle Kanner soll eng Chance bidden an eiser Gesllschaft Fouss ze faassen

Dobäi musse mer an Zukunft e besonnescht An op déi geheien déi am Ablack dee gréisste Risiko an eiser Gesellschaft droen: d’Kanner.

Kuerz gesot: mäer brauchen eng fortschrëttlech a solidaresch Politik  wa mer wëllen géint d’Aarmut a géint d’Ausgrenzung virgoen.

Während sech aner Parteien op hiere Kongresser mat sech selwer beschäftegen, wëllen d’Sozialisten den Hiewel do usetzen wou de Schong dréckt.

Rendez-vous dofier gi mer äech de 9. März zu Woltz op eisem Landeskongress.

 

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments are closed.


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine