“Roude Léiw: huel se!”

Ech muss zouginn, ech wollt eigentlech näischt iwwer déi Fändelsgeschichte schreiwen, well mer u sech di Diskussioun net wichteg genuch ass. Et ass ebe komesch datt sech e Fraktiounspresident vun enger Regierungspartei mat esou "Klengegkeeten" ofget a net mat de groussen Erausfuerderungen unn eist Land. Egal, op et villäicht war fir grad vun de richtege Problemer ofzelenken oder net, muss een zouginn, datt dës Diskussioun vill Leit intresséiert.
Ech muss och soen datt ech de roude Léiw als Fändel flott fannen, an ech erkennen mech a mäi Land doranner erëm.
Wat ech awer net sou richteg verstinn ass firwat mer elo sollten eist Gesetz änneren…?
Zanter Jorzingten gesinn ech op de Lännermätscher vum Fussball eng sëlleche Supporter mam roude Léiw um Fändel. Si hunn awer nach nie e Gesetz gebraucht fir dee matzebréngen, oder ? Vill Supporter beim Sport wäerten de "roude Léiw" souwisou mathuelen op Coursen, Mätscher an Tournéier, egal op mer eise nationalen Fändel wiesselen oder net…
- Get et net och an Däitschland den Adler um Bundeswappen, mee net als offizielle Fändel ?
- Get et net och an England den "three lions" um Banner of England, mee net als offizielle Fändel ?
- Get et net och an Finland de gëllene Léiw mam Säbel um Landeswopen, mee net als offizielle Fändel ?
- Get et net och an Irland di gëllen Harf um Coat of Arms, mee net als offizielle Fändel ?
- asw…asf…
Ganz vill Länner hunn demno 2 Fändelen mat dem se sech identifizéieren, grad ewéi Lëtzebuerg och.
Dës Diskussioun schéngt mer demno zimlech iwwerflësseg…








