Trennung Europa-Chamberwalen

Méi wéi e Joer ass et elo hier, datt de Referendum erlaanscht ass. No dësem Referendum waren sech all d'Parteien eens, datt den Europa-Dialog misst méi gepflegt ginn. Op eemol koum vun alle Säiten d'Fuerderung, d'Chamber- an d'Europawalen misste getrennt ginn.

Genee dëst hat ech am Numm vun de JuSo'en op dem Europakongress vun der LSAP schons am Januar 2004 gefuerdert.

(Hei ass den TEXT)

Zu dësem Ablack wollt nach keen eppes vun der Trennung wëssen, just e puer JuSo'en hunn sech heifier staark gemeet.

Wann also elo och aner Parteien mat dëser Iddi kommen, da freed dat mech, ech froe mech awer op et wierklech esou Eescht gemengt ass, well et schéngt mäer wéi wann dat heiten éischter eng "Solution de Facilité" fir verschidde Politiker ass, well se net richteg wëssen wéi se besser mam Bierger iwwer Europa schwätze kënnen.

Et ass wichteg, datt dës Wale getrennt ginn, domadde geet et awer net eleng duer !!!

Den Dialog iwwer Europa muss en zentralt Thema ginn, och an der nationaler Politik.
Och muss dësen Dialog permanent sinn, a net nëmmen all 5 Joer wa Walen sinn.

Wa mer dëst net fäerdeg bréngen, dann hu mer näischt aus dem Referendum geléiert !

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments are closed.


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine