Hochzäit @ Cruchtens’

Sou, de groussen Dag ass erlaanscht. Mär haten immens gudd Wieder an d'Stëmmung war och dementspriechend. All di Leit di eis wichteg ware si komm. Eleng aus Finland ware bal 40 Leit erofkomm fir mat eis ze feieren. Esou an Dag ass leider vill ze séier erlaanscht (speziell wann ee bedenkt wéivill Aarbecht do derhannert stécht). No der Hochzäit direkt op d'Hochzäitsrees (mär waren an de Portugal) an duerno plënneren… Do kënnt der Iech jo virstellen datt mer an der Lescht net vill roueg Momenter haten.
Ech hoffen datt ech geschwënn e puer weider Fotoe vun eiser Hochzäit kréien, da setzen ech den Album natierlech hei op mäi Site. Hei, als "Apetizer" eng Familjefoto.








