Jonggesellenabschied

Leschte Weekend war et sou wäit: d´Kollegen hate mäi Jonggesellenabschied organiséiert… a wat fir een… Fir d'éischt si se mech e Freideg de mëtteg op de Büro siche komm, hu mech verkleed (eng Mëschung tëschend Elvis a Lenny Kravitz) an du hunn ech missen di obilgatoresch Dommheete maachen: op der Gare, um Mäertchen, an der Light-Bar, am Pulp asw… Wéi et hell ginn ass an ech gemengt hunn ech wär gläich erléist, du sinn ech an en Zuch gestach ginn an amplaatz heem op Käerjéng sinn si mat mer op Köln gefuer, wou de ganze furri nach 2 Deeg laang weider gaang ass… eieiei

  Ech si frou datt ech et hannert mer hunn, mee et war op alle Fall immens flott. E Message unn d'Organisateuren (di nach net bestued sinn): ech hu mer opgeschriwwen wien do derbäi war, a gleewt mer et: mär wäert bei ärem Abschied och eng gudd afalen…..

 

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments are closed.


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine