Jugendkonvent: Ried an der Chamber
 ![]() |
Léiw Kolleginen, Léiw Kollegen,  Â
Et ass wichteg, dëse Verfassungsvertrag ze stëmmen. Mat him get Europa méi demokratesch (d’Europaparlament kritt méi Kompetenzen, di national Parlamenter gi gestärkt, de Bierger kritt d’Initiativrecht asw) |
D’Institutioune gi reforméiert, wat néideg ass nodeems mer 10, gläich 12 nei Länner opgeholl hunn. Mär schaafe mat dëser Verfassung e méi e sozialt Europa an en Europa vum Fortschrëtt. De Bierger kritt méi Rechter an den Aarbechter get besser geschützt. Mär schaafen méi e gerecht Europa an en Europa op dat an der Welt gelauschtert get.
An der Diskussioun schéngen dës wichteg Errungenschaften awer nëmme wéineg Intressi ze fannen. Speziell fir di Jonk schéngt et een Haaptsujet ze ginn : nämlech d’Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik.
Et ass luewenswäert, wa sech di jonk géint d’Militariséierung wëllen asetzen. Et ass awer falsch ze behaapten, mat dësem Traité géif Europa zu enger grousser Militärmuecht gin.Richteg ass, datt sech Europa d’Méiglechkeeten get z’intervenéieren am Fall vu Gewalteskaltiounen op eisem Kontinent oder aneschtwou an der Welt. Europa däerf nie méi d’An zou maachen wa sou Atrocitéiten virkommen wéi de grausame Völkermord am Rwanda virun 10 Joer, den 800.000 Menschen hiert Liewe kascht huet. Deemols hu mär westlech Muechten just nogekuckt an hunn eis domadde matschëlleg gemeet. De gudde Wëllen vun Europa hat hei net vill gehollef, eng Militärinterventioun dogéint hätt kënne ville Leit hiert Liewe retten…
Et stëmmt datt mer eis weiderhin am Traité zur NATO bekennen, mä wichteg ass awer ze soen datt mer eis grad mat dësem Traité a Richtung Onofhängegkeet vis-à -vis vun der NATO an also den USA bewegen. Duerch dësen Traité kënnen d’Militärbudget’en an d’Capacitéiten reduzéiert ginn, well Cooperatiounen tëschend denen eenzelene Länner entsinn.
Eng weider Fro musse mer eis stellen: Ass et net besser zesummen eng Struktur ze schafen amplaatz datt all Land eenzel fir säi Militär a séng Verteidegung suergt ?
Eent ass sécher wann der dem George Bush wëllt e Gefale maachen, da wielt des Verfassung NET !
Well sou laang mär Europäer keng gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik hunn, sou laang kann hie an der Welt maache wat e well, an Europa hëllt souwisou kee Mensch eescht.
Da wéilt ech awer nach e puer Wuert verléieren iwwer de Nee zum Referendum.
Am Camp vum Neen ginn et puer Stréimungen. Déi di mengen den europäesche Projet géif ze séier viru kommen an et get déi di mengen den europäesche Projet kéim net vun der Plaatz.
Am Fall vun engem Neen beim Referendum ass de Message un d’Politik also och alles anescht ewéi kloer,wat et schwéier mecht e neien Traité auszehandelen. Wahrscheinlech ass dës Vefassung grad de richtege Kompromiss fir en Europa dat kontrolléiert wiist, am Aklang mat der Meenung vun den Awunner an engem Europa mat enger sozialer Vokatioun.
Dëse Vertrag huet säin eigentlechen Uersrpong um Traité vun Amsterdam fonnd. Méi wéi 7 Joer sinn dës Diskussiounen also schon al.Dorunner gesäit een jo wéi laang et dauert a wéi schwéier et ass e Kompromiss ze fannen tëschend all dene ënnerschidlechen politesche Richtungen an dene 25 verschiddene Länner mat hierer eegener Vergaangeheet an eegene Sensibilitéiten.
Bei engem Kompromiss as et dacks esou datt di 2 Säiten um Enn mengen si hätten ze vill noginn.
Sou ass et och hei. Di ultra-liberal fannen datt den Text net liberal genuch ass, an di progressistesch Kräften hunn d’Impressioun e wär am Conträr vill ze liberal.
Um Enn steet een virun dem berühmtenen Glas wat entweder hallef Voll oder hallef Eidel ass, an et hänkt just dovunner of a wéi engem Geescht een drop kuckt.
Zu dem « lénke » Neen : Ech hunn ëmmer méi d’Gefill wéi wann eis Virstellungen vun Europa ganz no beieneen leien. Mam Ennerscheed datt de Neen eng ganz pessimistesch Approche zur europäescher Konstruktioun huet. Dobäi misst grad d’Geschicht vun Europa an der 2. Halschend vum leschte Jorhonnert eis zum Optimismus verleeden.
Wat mär Europäer an de leschte 60 Joër fäerdeg bruecht hunn (De gemeinsame Bannemoart, d’Bewegungsfräiheet fir d’Persounen an d’Gidder, di gemeinsam Währung, eng staark a kompetitiv Wirtschaft a net zulescht de Fridden op eisem Kontinent) dat hätten eis Grousselteren nach net fir Méiglech gehalen.
Och d’Jongsozialisten wellen un dem sozialen Europa schaffen wéi däer äech et virstellt.
Mat dësem Vertrag get villäicht net de Quantesprong gemaach dee mer eis gewënscht hätten, mä et ass awer e gudde Schratt an déi richteg Richtung. Eng weider Zill um Haus Europa dem séng Mauren lues awer sécher op engem feste Fundament stinn. Kommt mär baue weider un dem Haus wat eis och an Zukunft soll Fridden, Sécherheet a Wuelstand bidden.









